Kierch Bungeref
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Bungeref | |||
Par | Rammerech Saint-Valentin | |||
Numm / Patréiner | Hl. Quirinus | |||
Konsekratioun | 1747 | |||
Architekt(en) | Johann-Georg Knaus | |||
Baujoer | 1743 | |||
Koordinaten | 49° 51’ 0.8’’ N 05° 47’ 34.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Bungeref ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Quirinus, deem säi Fest den 30. Abrëll gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn den hellegen Donatus, den hellege Blasius, den hellegen Eligius an d'helleg Lucie.
Se steet zentral am Duerf an der Kierchestrooss. Nieft der Kierch ass op den zwou Säiten den ale Kierfecht ugeluecht.
Geschicht
D'Kierch gouf 1742 bis 1743 vum Baumeeschter Johann-Georg Knaus vu Bungeref gebaut.[1] Se steet op de Fëllementer vun enger méi aler Kierch aus dem Mëttelalter. De 17. August 1747 huet den Tréierer Bëschof Lothar-Friedrich von Malbach d'Kierch geweit an d'Altäer konsekréiert. Baussent der Kierch, laanscht d'Nordmauer vum Schëff, si Reschter vun engem fréieren Ossuarium mat der Inskriptioun: ES QVI FVI ("Du bass wien ech war").
Den Tuerm gouf an der Ardennenoffensiv duerch Granate schwéier beschiedegt. Nom Krich gouf op der Südsäit vum Tuerm en neit Portal an eng nei Fënster agebaut. 1955 gouf hanner der Apsis eng nei Sakristei gebaut.
D'Kierch ass besonnesch kuckeswäert wéinst hirem Mobiliar (Altäer, Statuen, asw.), wouvun déi meescht vum Baaschtnecher Kënschtler Jean-Georges Scholtus sinn. Et gëtt ausserdeem véier sougenannt Orbittafelen (Epitaphen oder Ahnentafelen) vun de Bungerëffer Schlasshäre Bondorff-Biersdorff an de Monflin.
Wéinst hirer geschichtlecher a konschthistorescher Bedeitung gouf d'Kierch vu Bungeref mat de Miwwelen an dem Kierfecht de 17. Januar 1967 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl.
Am Hierscht 2015 ass den Dach vum Tuerm nei gedeckt ginn, d'Fassad an d'Mauer vum Kierfecht sollen Ufank 2016 och erneiert ginn.[2]
Klacken
D'Bungerëffer Kierch huet zwou Klacken, déi am Toun La a Sol, och genannt b' an as', lauden.
Paschtéier vun der Par Bungeref
? Selen Mathias
1675 Freymann Nicolas
? Marteling Mathias
1709 Lultz Jacob
1718 - 1727 Strotz Johann
1727 Thiry Everhard
1738 - 1765 Poncelet Peter
1765 - 1799 Lauffgens Jean Baptiste
1804 - 1811 Hemmer Henri vu Bierchem
1811 - 1816 Molitor Peter, "Primissarius", duerno Vicaire, awer net Paschtouer
1818 - 1858 Ludwig Nicolas vun Néngsen
1858 - 1876 Welter Peter vun Ëlwen
1876 - 1890 Elsen Peter vu Recken (Miersch)
1890 - 1905 Keiser Michel vun Ierseng
1905 - 1915 Hoffmann Francois vu Mënjecker
1915 - 1926 Bertrang Joseph aus der Fiels
1926 - 1939 Simon Jean-Pierre vun Hengescht
1939 - 1949 Lorang Jean-Pierre vu Waldbëlleg
1950 - 1960 Simminger Joseph vu Munneref
1961 - 1970 Grosbusch Aloyse vu Steenem
1971 - 1989 Jourdain Henri aus dem Quartier Neiduerf (Stad Lëtzebuerg)
1989 - 2017 Marcel Grethen vun Uespelt
No der Opléisung vun der Par Bungeref am Joer 2017 gouf d'Kierch vu Bungeref an déi nei Par "Rammerech St. Valentin" integréiert. Paschtouer ass den Abbé Marcel Grethen bliwwen, deen zu Pärel am Paschtoueschhaus wunnt. Am Januar 2021 gouf de Pater Jean Jacques Flammang vun den Häerz-Jesu-Priisteren zum neie Paschtouer-Moderator vun der Pastoraléquipe vun der Par Rammerech ernannt.
Kuckt och
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Rammerech
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
Commons: Kierch Bungeref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Rammerech St. Valentin
- D'Fënstere vun der Kierch vu Bungeref op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vu Weste gesinn
-
Den Agank vun der Kierch op der Südsäit vum Tuerm
-
D'Kierch vu bannen
-
Den Haaptaltor vun der Kierch
-
Den ale Kierfecht op der Südsäit vun der Kierch
-
Historesch Foto vun der Bungereffer Kierch
Referenzen
- ↑ Dëst Kapitel baséiert op: Kulturkommissioun Gemeng Rammerech: Eglise St. Quirin Bigonville.
- ↑ Neuer Glanz für Sankt Quirinus am Luxemburger Wort vum 1. Dezember 2015