Smultronstället
Film vum Ingmar Bergman (1957)
Smultronstället (däitschen Titel: Wilde Erdbeeren), ass e schweedesche Film vum Ingmar Bergman aus dem Joer 1957.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Schweden |
Produktiounsjoer | 1957 |
Première | 1957 |
Dauer | 92 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,37:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Schweedesch |
Ekipp | |
Regie | Ingmar Bergman |
Dréibuch | Ingmar Bergman |
Musek | Erik Nordgren |
Schnëtt | Oscar Rosander |
Dekoren | Gittan Gustafsson |
Produzent |
Bo Christensen Svensk Filmindustri (SF) |
Schauspiller | |
Victor Sjöström als Dr. Isak Borg Bibi Andersson als Sara Ingrid Thulin als Marianne Borg Gunnar Björnstrand als Dr. Evald Borg Jullan Kindahl als Agda Max von Sydow als Henrik Åkerman Gunnel Lindblom als Charlotta Borg | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Medezinsprofesser Isak Borg huet sech am Alter vun de Mënschen zeréckgezunn. Seng Fra Karin ass viru ville Jore gestuerwen. Sai Jong Evald, och Dokter, wunnt an enger anerer Stad. Mat senger aler Mamm huet hien och bal kee Kontakt méi, just seng Haushälterin Agda wunnt nach bei him. Wéinst Problemer an hirem Stot wunnt seng Schnauer Marianne fir eng Zäit och bei him. Enges Nuets huet hien en Dram an dem hie sech an der Doudelued leie gesäit. Mat dem Marianne zesumme fiert hien op eng Feier op Lund. Ënnerwee gëtt hien ëmmer mat senger Vergaangenheet konfrontéiert…
Auszeechnungen
änneren- 1958: Goldener Bär - Beschte Film um Festival vu Berlin
- 1960: Golden Globe - Beschten auslännesche Film