Politesche System vu Lëtzebuerg
D'Groussherzogtum Lëtzebuerg ass zënter dem Traité vu London vum 19. Abrëll 1839 e souveränen an onofhängege Staat; et ass eng konstitutionell Monarchie a Form vun enger parlamentarescher Demokratie. Der Lëtzebuerger Constitutioun vun 1868 no (zanterhier e puermol geännert) ass de Groussherzog de Chef vum Land[1]. D'Kroun vum Grand-Duché gëtt bannent der Famill Nassau-Weilburg verierft.
De Staatsrot ass e consultatiivt Organ, deem seng 21 Membere vum Groussherzog ernannt ginn.
Legislativ
ännerenD'legislativ Gewalt (d. h. d'Méiglechkeet, Gesetzer ze maachen) läit beim Parlament (Chamber genannt), dat aus enger Kummer mat 60 Deputéierte besteet, an op 5 Joer gewielt gëtt. Hir Haaptaufgab ass et fir d'Gesetzesprojete vun der Regierung ((fr) projet de loi) an eege Propositiounen ((fr) proposition de loi) ze stëmmen. D'Deputéiert an d'Regierung hunn deemno e legislatiivt Initiativrecht.
Um legislative Prozess sinn d'Deputéiert (d'Chamber), d'Regierung an de Staatsrot bedeelegt.
Exekutiv
ännerenD'exekutiv Gewalt huet de Groussherzog an d'Regierung. Déi aktuell Regierung besteet zanter dem 17. November 2023 a sëtzt sech aus dem Premierminister, deen traditionell den Titel Staatsminister dréit, a 15 Ministeren zesummen.
Opgrond vum Artikel 49 vun der Verfassung, promulgéiert de Grand-Duc d'Gesetzer. D'Promulgatioun ass e Rechtsakt, duerch deen de Grand-Duc den Inhalt vum Gesetz bezeit an d'Verëffentlechung an d'Vollstreckung vum Gesetz ordonéiert.
Wat de reglementaresche Pouvoir vum Grand-Duc ugeet, sou hëlt hien déi jeeweileg Groussherzoglech Reglementer an Arrêtéen, déi fir d'Duerchféierung vun de Gesetzer an Traitéen néideg sinn. Ënner bestëmmten Ëmstänn kann hien dës Kompetenz un d'Membere vun der Regierung iwwerdroen.
Judikativ
ännerenD'juristesch Gewalt läit an der Hand vun enger onofhängeger Justiz.
Der Verfassung no, läit d'Ausübung vun der Geriichtsgewalt bei de Geriichtshäff ((fr) cour) an de Geriichter ((fr) tribunal). Zu Lëtzebuerg gëtt et zwou Geriichtsbarkeeten:
- eng uerdentlech Geriichtsbarkeet ((fr) ordre judiciaire), fir zivil- a strofrechtlech Sträitfäll a Kontestatioune vu politesche Grondrechter;
- eng Verwaltungsgeriichtsbarkeet ((fr) ordre administratif), fir verwaltungsrechtlech Sträitfäll.
E Verfassungsgeriicht ((fr) tribunal administratif, cour administrative) iwwerpréift, ob d'Gesetzer konform mat der Verfassung sinn.
Literatur
änneren- Wolfgang H. Lorig, Mario Hirsch, Ed.: Das politische System Luxemburgs. Eine Einführung, 2008, Wiesbaden, VS Verlag für Sozialwissenschaften, 385 S.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Artikel 44 (1) vun der Verfassung: "De Grand-Duc ass de Staatschef. Hie representéiert de Staat. Hien ass d’Symbol vun der nationaler Eenheet an Onofhängegkeet. Seng Persoun ass onverletzlech. Hien exercéiert zesumme mat der Regierung d’Exekutivgewalt."