Mady Nurenberg-Reuter
lëtzebuergesch Lokalpolitikerin
D'Mady Nurenberg-Reuter, gebuer den 30. Abrëll 1925 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 10. Januar 2012 zu Péiteng, war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin.
Mady Nurenberg-Reuter | |
---|---|
Gebuer | 30. Abrëll 1925 |
Gestuerwen | 10. Januar 2012 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Am August 1977 ass d'Mady Nurenberg-Reuter nom Doud vum Schäffe Léon Eichhorn an de Gemengerot vun Déifferdeng nogerutscht, wou si bis 1990 bliwwen ass, als Conseiller a vun 1988 bis 1990 als Schäffen. Si war déi éischt Fra, déi an der Stad Déifferdeng Member vum Gemenge- respektiv vum Schäfferot gouf.
Am Zweete Weltkrich hat si sech aktiv an der Resistenz engagéiert.
Literatur
änneren- Zenner, R., 2012. À la mémoire de Mady Nurenberg-Reuter de Niederkorn. In: Elan, d'Stëmm vun de Senioren, Nr. 30, März 2012, S. 4 PDF.
- Zenner, R., 2012. À la mémoire de Mady Nurenberg-Reuter de Niederkorn. Luxemburger Wort 2012, Nr. 52 (1. März), S. 47.
- Zenner, R., 2012. À la mémoire de Mady Nurenberg-Reuter de Niederkorn. Tageblatt 2012, Nr. 76 (29. März), S. 21.