Jean Winkin

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Winkin, gebuer de 14. Mee 1905 zu Uewerwampech[1], a gestuerwen am Oktober 1984,[2], war e lëtzebuergesche Bauer vun Uewerwampech an CSV-Politiker.

Jean Winkin
Gebuer Mee 1905
Uewerwampech
Gestuerwen Oktober 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Hie gouf bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a gouf 1959, 1964, 1968 an 1974 erëmgewielt. 1974-79 war hie Vizepresident vun der Chamber.[2] An der Period 1977 – 1978 war hie President vum Benelux-Parlament

1970 gouf hien zum Buergermeeschter vun der Gemeng Uewerwampech gewielt, ier en dann 1977, an der fusionéierter Gemeng Wëntger, Schäffe gouf (bis 1981).[2]

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. De Jean Winkin op www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 2,2 "Eloge funèbre de M. Jean Winkin, député honoraire." Compte-rendu vun der Chambersëtzung vum 16. Oktober 1984, C-1984-O-002-0001.]
  3. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022