Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Cocteau, gebuer de 5. Juli 1889 zu Maisons-Lafitte bei Paräis, a gestuerwen den 11. Oktober 1963 zu Milly-la-Forêt, war e franséische Schrëftsteller, Regisseur, Moler a Choreograph.

Jean Cocteau
Gebuertsnumm Jean Maurice Eugène Clément Cocteau
Gebuer 5. Juli 1889
Maisons-Laffitte
Gestuerwen 11. Oktober 1963
Milly-la-Forêt
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Moler, Dramatiker, Filmregisseur, Dichter, Schauspiller, Illustrateur, Romancier, Dréibuchauteur, Librettist, Synchronspriecher, Timberszeechner, Schrëftsteller, Designer, Fotograf, Komponist, Prosaist, Bijousdesigner, Keramiker, Auteur, Regisseur
Member vun Académie française, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung
Famill
Liewenspartner(in) Jean Marais
De Jean Cocteau, gemoolt vum Amedeo Modigliani

De Cocteau koum 1889 no bei Paräis op d'Welt. Säi Papp, deen Affekot war, ass gestuerwen, wéi de Jean grad 10 Joer al war. Mat 17 huet de Jean seng éischt Gedichter geschriwwen. Wéi hien 19 Joer hat, huet hie säi Gedichtsband Lampe d'Aladin erausbruecht. 1917 huet en den Zenario fir e Ballet geschriwwen, fir deen de Pablo Picasso d'Bünebild gemoolt huet. Zu Menton, op der franséischer Riviera huet de Jean Cocteau e Musée. Zu Menton huet hien och am Stadhaus d'Salle des Mariages dekoréiert.

1946 krut hien de Louis-Delluc Präis fir de Film La Belle et la Bête.

als Regisseur

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Jean Cocteau – Biller, Videoen oder Audiodateien