Inger Christensen
D'Inger Christensen, gebuer de 16. Januar 1935 zu Vejle an Dänemark, a gestuerwen den 2. Januar 2009, war eng dänesch Schrëftstellerin, déi zu de bedeitendsten europäesche Lyrikerinne vun hirer Generatioun gezielt huet.
Inger Christensen | |
---|---|
Gebuer | 16. Januar 1935 |
Gestuerwen |
2. Januar 2009 Kopenhagen |
Nationalitéit | Kinnekräich Dänemark |
Aktivitéit | Dichter, Romancier, Essayist, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Dramatiker |
D'Inger Christensen huet eng Ausbildung als Primärschoulléierin gemaach an huet dunn Medezin, Chimie a Mathematik zu Kopenhagen studéiert. Si huet e puer Joren op enger Konschthéichschoul geschafft.
Hiren éischte Gedichtband Lys (lb.: Luucht) koum 1962 eraus, an ee vun hiren Haaptwierker, de Gedichtzyklus Det (lb.: Dat), 1969.
Alfabet (lb.: Alphabet), hiert zweet Haaptwierk, koum 1981 eraus. Donieft huet si eng Rëtsch aner Gedichtsbänn, mä och zwéi Romaner, Kanner- a Jugendbicher, Theaterstécker, Lauschterstécker an Essaye geschriwwen.
Um Spaweck
änneren- Fir ze Liesen an ze Lauschteren, e puer Gedichter op lyrikline.org (da) (de)
- Noruff am The Independent vum 2. Februar 2009 (en)