Félix de Blochausen
De Baron Félix de Blochausen, gebuer de 5. Mäerz 1834 um Schlass Biertreng, an do gestuerwen den 21. November 1915[1], war e lëtzebuergesche Politiker.
Félix de Blochausen | |
---|---|
De Félix de Blochausen op engem Portrait vum Ferdinand d'Huart | |
Gebuer |
5. Mäerz 1834 Schlass Biertreng |
Gestuerwen |
15. November 1915 Schlass Biertreng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Diplomat, Politiker |
Partei | keng |
Hie war vum 14. Dezember 1866 bis den 3. Dezember 1867 Generaldirekter (Minister) fir den Interieur an der Regierung de Tornaco.
1872-1873 war hie President vun der Chamber. De 26. Dezember 1874, nom Récktrëtt vum Emmanuel Servais, gëtt hien zum Staatsminister, Regierungspresident a Generaldirekter fir Aussebezéiungen ernannt. 1882 ass hie kuerz och fir d'Finanzen zoustänneg. Ënner senger Regierung goufen d'Strofgesetzbuch an d'Schoulwiese reforméiert.
Den 20. Februar 1885 huet de Blochausen missen demissionéieren, well en op der Bourse ze vill vu sengem Insider-Wësse profitéiert hat.
Vun 1893 bis 1915 war hie President vun der Société agricole grand-ducale.
Gielercher an Éierungen
änneren- Grand-croix vum Ordre de la couronne de chêne[2][3]
- Chevalier de 2e classe du Lion d'Or de la Maison de Nassau[3]
- Grand-officier vun der Légion d'honneur[3]
- Commandeur vum Ordre de Léopold[3]
- Chevalier de 2° classe de l'Aigle Rouge de Prusse[3]
- Eng Strooss zu Bouneweg: rue Félix de Blochausen (PLZ 1243) ass no him genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (fr)Décès de M. le baron de Blochausen, ancien Ministre d'Etat, Président du Gouvernement (21 novembre). query.an.etat.lu (1915). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
- ↑ Memorial A N° 3 vun 1881 Säit 42 Archivéiert de(n) 03.03.2016. Gekuckt de(n) 06.02.2013.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 (fr)Oeuvre du monument. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (6. Juli 1876). Gekuckt de(n) 17.10.2023.