Arthropoden
D'Arthropoden (Arthropoda) oder Glidderféisser sinn e Stamm aus dem Déiereräich. Si si mat 75 % vun alle bekannten Aarten de gréisste Stamm aus dem Déiereräich.
Arthropoden | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Systematik | |||||||||
| |||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
Arthropoda | |||||||||
Ënnerstämm | |||||||||
Zu den Arthropode gehéieren ausser den Insekten, Dausendféisser, Spannendéieren, Milben a Kriibsdéieren och nach manner bekannt Gruppe wéi d'Séispannen an d'Feilschwanzkriibsen.
D'Gréisst geet vu mikroskopesch klengen Déiere bis hin zu Homaren déi 75 cm laang kënne ginn.
All d'Glidderféisser hunn e baussenzegt Sklett dat de ganze Kierpe ëmschléisst an dat duerch Haitungen erneiert gëtt.
Systematik
änneren- Stamm Arthropoden
- Ënnerstamm Antennendéieren (Tracheata)
- Iwwerklass Sechsféisser (Hexapoda)
- Klass Insekten (Insecta)
- Klass Duebelschwänz (Diplura)
- Klass Beentaaschter (Protura)
- Klass Sprangschwänz (Collembola)
- Iwwerklass Dausendféisser (Myriapoda)
- Iwwerklass Sechsféisser (Hexapoda)
- Ënnerstamm Kriibsdéieren (Crustacea)
- Klass Cephalocarida
- Klass Remipedia
- Klass Kiemefousskriibsen (Branchiopoda)
- Klass Héijer Kriibsen (Malacostraca)
- Klass Maxillopoda
- Klass Zongewierm (Pentastomida)
- Ënnerstamm Chelicerata
- Klass Spannendéieren (Arachnida)
- Klass Merostomata
- Klass Asselspannen (Pycnogonida)
- Ënnerstamm Stompféisser (Onychophora)
- Klass Udeonychophora
- Ënnerstamm Antennendéieren (Tracheata)
Um Spaweck
ännerenCommons: Arthropoda – Biller, Videoen oder Audiodateien |