Andorra
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Fürstentum Andorra (katalounesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matzen an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalounien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).
Principat d'Andorra | |||||
| |||||
National Devise: Virtus Unita Fortior | |||||
Offiziell Sprooch: | Katalounesch | ||||
Haaptstad: | Andorra la Vella | ||||
Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
• Landeschef: | Emmanuel Macron (Franséische Koprënz) Joan Enric Vives i Sicília (Episkopale Koprënz) | ||||
• Regierungschef: | Xavier Espot Zamora | ||||
Fläch: | 468 km² | ||||
Bevëlkerung: | 85 580[1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 182,9/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 1278 | ||||
Nationalfeierdag: | 8. September | ||||
Nationalhymn: | El Gran Carlemany (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .ad | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+376 | ||||
Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zanterhier net changéiert.[2]
D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. Fréier waren de Grof vu Foix am Norden an de Bëschof vun Urgell am Süden zesumme fir d'Land zoustänneg. Wéi de Kinnek Henri vun Navarra, deen och Grof vu Foix war, als Henri IV Kinnek vu Frankräich gouf, hunn déi franséisch Herrscher, respektiv Presidenten d'Roll vum fréiere Grof vu Foix iwwerholl. Haut sinn deemno de franséische President an de Bëschof vun Urgell allebéid Koprënze vun Andorra. Hir Roll ass allerdéngs éischter representativ a symbolesch.
Geographie
ännerenD'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen. Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zanter 2004 op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwe steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.
Klima
ännerenWéinst senger Héichlag huet Andorra en zimmlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.
Politik
ännerenAndorra ass Member vun de Vereenten Natiounen
Administrativ Andeelung
ännerenAndorra ass a siwe Paren (Parròquies am Sënn vu Gemengen, Regiounen) agedeelt: |
Bevëlkerung
ännerenAndorra huet 85.580 Awunner (31. Dezember 2015 [1]), dovu sinn:
- Katalanen: 29 535 (36,4 %),
- Spuenier: 27 638 (34 %),
- Portugisen: 15 789 (15,7 %),
- Fransousen: 5 104 (6,3 %),
- Anerer: 6 156 (7,6 %).
All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %. 95 % vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerchschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.
Sproochen
ännerenKatalounesch gouf an der Constitutioun vun 1993 als offiziell Sprooch vun Andorra festgeschriwwen an et ass och déi Sprooch déi vun der Majoritéit vun den Andorraner (58,3 %) geschwat gëtt. Spuenesch gëtt vun 37,3 % vun de Leit geschwat, 3,5 % hu Portugisesch an 2,2 % Franséisch als Mammesprooch.[3]
Relioun
ännerenBei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-kathoulesche Glawen.
Sport
ännerenRullschunghockey a Rugby gehéieren nieft dem Wantersport zu de populäerste Sportaarten. 2005 war Andorra Organisateur vun de Spiller vun de klenge Länner.
Literatur
änneren- Meritxell Mateu & François Luchaire, La Principauté d'Andorre hier et aujourd'hui; Paräis (éditions Economica), 1999; 154 S.; ISBN 2-7178-3872-4
Referenzen an Notten
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Andorra – Biller, Videoen oder Audiodateien |