16. Arrondissement vu Paräis
De 16. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Passy ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
Quartieren |
Auteuil, Muette, Porte-Dauphine, Chaillot |
---|---|
Buergermeeschter | Danièle Giazzi |
Awunner | 162.061 |
Fläch | 7,91 km² |
Postcode | 75016 |
INSEE-Code | 75116 |
Koordinaten | 48°51'49,00"N, 2°16'35,36"O |
Den Arrondissement ass haaptsächlech e Wunnquartier deen awer trotzdeem vun den Touriste wéinst senge sëllege Muséeën, dem Trocadéro oder dem Bois de Boulogne besicht gëtt. Am 16. Arrondissement sinn déi meescht Ambassaden a Konsulater vu Paräis, grad wéi weltwäit bekannt Sportariichtunge wéi de Parc des Princes oder de Roland-Garros-Tennisstadion.
Geographesch Lag
ännerenDe 16. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine, am Weste vun der Stad. E stéisst am Osten un d'Seine an am Westen un de Boulevard périphérique, mat Ausnam vum Bois de Boulogne, deen op der anerer Säit vum Périphérique läit.
Quartieren
ännerenWéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 61. Quartier d'Auteuil
- 62. Quartier de la Muette
- 63. Quartier de la Porte-Dauphine
- 64. Quartier de Chaillot
Biller
änneren-
De Château de Bagatelle
-
D'Cathédrale grecque Saint-Étienne de Paris
-
Bir-Hakeim-Bréck
-
Sprangbur bei der Porte d'Auteuil
-
Statu vum Robert Schuman
Kuckeswäertes
ännerenKleng Auswiel:
Um Spaweck
ännerenCommons: 16. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren