Hëllef:Faarwen
Faarwen sollen op der Wiki sou (spuersam) agesat ginn, datt dat allgemengt Bild vun de verschiddenen Wikien erhale bleift. An Artikelen solle Faarwen nëmmen dann agesat ginn, wann si inhaltlech sënn maachen. Op Portaler kann et mol méi faarweg hiergoen, an op senger Benotzersäit kann all Benotzer Faarwen asetzen, souvill a wéi hie wëllt.
Faarwen asetzen
Grad sou wéi am HTML ginn an der MediaWiki Software d'Faarwen mëttels CSS bannent engem style-Attribut definéiert. Et brauch een dofir follgend Elementer:
- Eng Koppel HTML-Tags fir e Beräich ze delimitéieren:

fir Beräicher,

fir Paragraphen (funtkionéiert u sëch et mat quasi allen Tags, déi Texter ëmschléissen). - e style-Attribtut, wat d'CSS-Uweisungen enthällt:
style=""
- faarfrelevanten CSS:
color
,background-color
oderborder-color
- Faarfwerter: entweder Nimm wéi z. B.
darkblue
(ëmmer op Englesch) oder hexadezimal Coden am Format#RRGGBB
, woubäi déi jeeweileg Grondfaarwewäerter Rout (RR), Gréng- (GG) a Blo (BB) tëscht 00 an FF (entsprécht dezimal 255) leien.
Aktioun | Wikitext | Resultat |

Gefierften Text |  Text

Text |
Gefierfte Paragraph |
Paragraph

Paragraph |
Hannergrond fir e kuerzen Text |  Beispill

Beispill |
Hannergrond fir e Paragraph |
Paragraph

Paragraph |
Gefierften Text + Hannergrond fir e Paragraph |
Paragraph

Paragraph |
Hannergrond vun enger Tabellenzell | style="background-color:#fedbca;" | Text

Text |
Rot soll als Textfaarw an Artikelen net agesat ginn.
Hannergrondfaarwen
D'Wikimedia Software gesäit standardméisseg eng Partie Hannergrondfaarwe vir, déi an alle Skins déi selwecht sinn. Op der lëtzebuergescher Wikipedia kënnen déi Werter aus der däitscher Wiki agesat ginn, z. B. hintergrundfarbe5

Beispiller:
- Bannent fléissendem Text oder enger Textzeil

bannent enger Textzeil
- eppes méi schéin mat Ofstänn lénks a rechts (padding)

bannent enger Textzeil
- Blockweis

Text, Biller, Tabellen asw.

Klassen-Numm | Kuerz Beschreiwung | Faarf an alle Wikipedia-Skins |

hintergrundfarbe1 | Wéi class="wikitable"

#F9F9F9 |
hintergrundfarbe2 | „wäiss“, fir Net-Artikel-Säiten, neutral | #FFFFFF |
hintergrundfarbe3 | „giel“, opfalend | #FFFF40 |
hintergrundfarbe4 | staark opfalend | #FFAA00 |
hintergrundfarbe5 | neutral, ofgesat | #E0E0E0 |
hintergrundfarbe6 | Allgemeng „bont“,
fir z'ënnersträichen oder z'ënnerscheeden |
#B3B7FF |
hintergrundfarbe7 | #FFCBCB | |
hintergrundfarbe8 | #FFEBAD | |
hintergrundfarbe9 | #B9FFC5 |
Rummfaarwen
D'Wikimedia Software gesäit fir Rummfaarwen och standardméisseg eng Partie Werter vir, déi an alle Skins déi selwecht sinn. Op der lëtzebuergescher Wikipedia kënnen och hei déi Werter aus der däitscher Wiki agesat ginn, z. B. rahmenfarbe3

Beispill:

Text
Klassen-Numm | Kuerz Beschreiwung | Faarf |

rahmenfarbe1 | Wéi beim Inhaltsverzeechnes | rahmenfarbe1 |
rahmenfarbe2 | fält net op, klénge Kontrast | rahmenfarbe2 |
rahmenfarbe3 | rout, opfalend | rahmenfarbe3 |
rahmenfarbe4 | neutral Faarf, deitlech | rahmenfarbe4 |
rahmenfarbe5 | „schwaarz“, staarke Kontrast | rahmenfarbe5 |
Kuckt och
Um Spaweck
- SelfHTML-Farbhelfer (de)
- Eine Farbtabelle sortiert nach Schattierungen (de)
- HTML Farbtabelle Lëscht vun allen bekannten HTML-Faarfnimm mat Beispiller (RGB, Hex-Code, Faarfnumm) (de)